Wéi geet et elo weider ? - Prise de position nom Urteel vum Tribunal d’Appel   


08 December 2022

Nom Urteel vum Tribunal Fédéral de Match Mamer vs. Walfer nei spillen ze loossen, hate mir eis wierklech net erwaart, dass d’FLBB dogéint an Appel géif virgoen, mee dass och d’Federatioun dat Urteel géif acceptéieren.

 

Fir d’éischt ass et natierlech kloer, dass d’Résidence d’Urteel vum Conseil d’Appel, den eben op Demande vun dem Conseil d’Administration vun der FLBB zesummekoum, acceptéiert. D’Fro wäert sech elo stellen a wéi wäit hei e Präzedenzfall respektiv eng Jurisprudenz geschaaft gin ass, déi sech op de Prinzip vun der Korrektheet vun der Auer wärend engem Match auswierkt. Dëst wäert d’Zukunft weisen.

 

Net Objet vun der Verhandlung viru Geriicht an domat nach ongekläert ass awer, firwat d’FLBB den Protest vu Walfer wärend engem Mount trotz multipler Nofro vun der Résidence net un den Tribunal Fédéral weidergeleet huet. Firwat och de Match vun der 1/4-Finall scho gespillt gouf, ouni dass d’Resultat vun der 1/8-Finall validéiert war. Hei muss dringend an zäitno eng Äntwert kommen, déi bis elo nach ausbliwwen ass. Wär nämlech alles de korrekte Wee gaangen, dann wär déi ganz Affär manner problematesch gewiescht an hätt manner Welle geschloen, well dann virun der 1/4-Final d’Decisioun zum Protest schonn gefall gewiescht wär. Dësen systemeschen Kommunikatiounsproblem muss am Interesse vum Lëtzebuerger Basket geléist ginn. Mir maachen drop opmierksam, dass d’FLBB och den Daachverband vun de Lëtzebuerger Basketveräiner ass, si representéiert deemno am Prinzip och hir Interessen. Zum Schluss wär et nach wënschenswäert, wann generell bei all de Coupematcher ëmmer e Kommissär um Dësch séiz, fir de Gesamtiwerbleck vum Match ze behalen an z.b. esou penibel Affären wéi déi mat der Auer déi net leeft, ze vermeiden.

 

BBC Résidence Walferdange