Tribunal Fédéral: 1/8-Final Mamer vs. Walfer muss nei gespillt ginn


04 December 2022

 An der Lescht si mir oft gefrot ginn, wou de Protest zum Match vun der 1/8-Final Mamer vs. Walfer drun wär (gespillt den 27. Oktober 2022). Deemools hat d’Résidence jo direkt nom Match offiziell Protest ageluecht, well d’Auer an den decisiven 5 leschte secs wärend Sekonnen net gestart gouf. Duerch den Worf vu Mamer, den dunn gefall ass, gouf de Match in Extremis fir d’Résidence verluer.

 

Leider gouf et net direkt eng Suite zu eisem Protest a laut eisen Informatiounen ass de Protest vun den Zoustännegen bei der FLBB eréischt no der 1/4-Final Mamer vs. Diddeleng un den Tribunal Fédéral weidergeleet ginn. Deemno war zu dem Zäitpunkt de concernéierte Match vun der 1/8-Final nach net validéiert. De Rendezvous mam Tribunal Fédéral war dunn leschten Dënschdeg (29.11.22). E Freideg den Owend (2.12.22) krut d’Résidence d’Urteel zougestallt: De Protest vu Walfer ass ugeholl ginn an de Match Walfer vs.Mamer ass net validéiert ginn. Deemno muss den 1/8-Final Match nei gespillt ginn.

 

BBC Résidence Walferdange