Last Games Last Games

Seniors
vs
74
 
76
Dames
vs
69
 
42

Upcoming Events Upcoming Events

Activity Activity

News News

Back

50 ans BBC Résidence - le livre

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf an der Maison Dufaing d'Buch "50 Joer BBC Résidence Walfer 1965 – 2015" virgestallt.

Dat a Präsenz vum Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt an der Député-Maire Joëlle Elvinger.

De Walfer Basket huet mat 61 Titelen, dovun 44 bei der Jugend, e grousse sportleche Palmarès, an däerf mat Recht houfreg op en halleft Joerhonnert zréck kucken.

Genee esou houfreg däerf en awer sinn, wann d'Joëlle Elvinger an hirem Préface festhält, datt an enger Gemeng mat 90 verschiddenen Nationalitéiten de Basket e groussen Undeel un der Integratioun vun dëse Leit huet.

De Walfer Basket huet also net nëmmen am sportlechen, mee och am soziale Liewen vun der Gemeng eng wichteg Roll gespillt.

Hei ass e Buch, dat weist, wéi aus enger Handvoll Idealisten e Club entstanen ass, deen haut iwwer 300 Memberen zielt.

Fir déi Leit, déi net esou gär liesen, et ass och e Buch fir ze kucken, fir derduerch ze bliederen. Et fënnt ee vill flott Souveniren, sief dat a Form vu Fotoen, vun Zeitungsartikelen oder vun alen Dokumenter.

A ganz hannendra läit e Stick. Do ass e Film drop mat den Héichpunkte vu 50 Joer Walfer Basket. An anere Wierder, dat hei ass e Buch fir jiddereen.

( Vun den 400 Bicher mat Film di gedréckt gi sinn, bleiwen en der nach gutt 2 Dosen rëscht.

Fir déi di nach e Buch wëllen, kënnen dat maachen mat enger Iwwerweisung vun 60 Euro op de Kont vum Anniversaire an zwar bei der Spuerkeess Nummer LU17 00194255 7833 5000. )


Comments Comments