Supporter Club Supporter Club

E kléngen Tour duerch d’Geschicht

25 Joer ass eng laang Zäit, an awer schéngt ët nach nët esou laang hir dass sech e puer Idealisten getraff hun, driwer diskutéiert hun vir e Supporterclub ze grënnen, mat dém bekanntenen Zweck vir dëm Basket moralesch an virun allem finanziell ënert d’Ärm ze gréifen. De Supporterclub as eigentlech aus dem Comité d’organisation vir den 15 anniversaire vum BBC Residence erausgangen. E ganzen Koup vun dénen Aktivisten an dësem comité wollten der ganzer Sach eng suite gin, hun sech nach e puer gud Leit derbei gesicht, an dun gong ët och schons lass. 

Dën 28 November 1980 war ët dann esou wäit. D’Grënnerversammelung war zu Walfer , wou Statuten ausgeschafft gin sin, an sech dën éischten Comité gebillt huet. Als Presidentin huet d’Maisy missen de Kapp duerhâlen, an sollt dëst och wärend ganzer 20 Joer wonnerbar machen. Als Caissier wor den Eugène prédestinéiert, an och hien sollt 20 Joer bei der Stang bleiwen, an sech munch hëtzeg Schluecht mam Kaissier vum Basket liweren, dén natiirlech ëmmer méi Suen wollt wéi den Eugène bereet war ze gin. 

Eischten Secretaire wor de Reding’s Pier, dén ët awer kéng 20 Joer bei der Band do ausgehâlen huet. 

Vizepresident gouf den Feidten Mulles, dén eis leider all ze fréi verloss huet. 

Nach mat un Bord den heitegen President vum BBC den Kirpsen Georges, den Elvinger René, dëm Misch séng Mam d’Elise Heinricy, de Greiveldinger Raymond, de Kassen Lou, an den Kertzen Ferd. 

Aktivitéiten gin an d’Liewen geruf 

Vir dëm Engagement vun der finanzieller Ënnerstëtzung no ze kommen war d’Organisatioun vun verschiddenen Akivitéiten néideg. Eng vun dénen aller éischten Manifestatioun war e Bal am demols fusch neien Centre Culturel Prince an zwar dën 30 Abrëll, en Datum dén seit dém fest an der Hand vum Supporterclub bliwen as. Emol war ët Theater dén gespillt gin as, dun ass joerenlang de Jhemp Schuster mat séngen Kabaräen opgetrueden, an dëst Joer war ët eng Comedy-Show. 

Eng Manifestatioun as jo nët genuch, gangs wor éng zweet Aktivitéit fond. Kiirmessondeg, wann d’Leit gut gies hâten sin se erofgetrëppelt op d’Kiirmes an an d’Billerausstellung. Virwat nët dervun profitéieren vir nomëttes e klengen Kaffiskränzchen ze organiséieren, den direkt e succès kannt huet an zwar wéinst sénger bombastescher Tombola, an dat och nach bis haut bliwen as. 

Domat awer nët genuch. Wat machen vun Oktober bis Abrëll. Mee virwat nët, no dénen Feierdég ën éischter liichtverdaulech Kascht offréieren. An schons war den Hierkenowend an d’Liewen geruff, mat och groussem Succès, mee dén an dénen leschten Joeren ëmer méi offgeholl huet, vu que das d’Jugend néischt besonnesch méi un éngem gudden angemachtenen Hierk mat énger gequelltenen Gromper fënt. Esou gouf dën Hierkenowend déi lescht zwee Joer duerch ën Träipenowend ersaat, an wén wés wat eis d’next Joer erwart. 

No 20 Joer gouf de Comité ëmgebaut, an déi nei Equipe huet nach e puer Manifestatioun derbäi geholl. 

De Frustaschluppi’s bal, an d’Liewen geruf vun der 3ter Equipe gouf vum Supporterclub iwerholl, well ët sech jo quasi ëm déi selwecht Leit gehandelt huet, an op d’Drängen vun e pur ganz verfroossenen gouf e Mullenowend organiséiert mat éngem immensen Erfolgech. An esou huet och dén Owend eng fest Plaatz am Kalenner vum Supporterclub. 

E puer mol al Joer gët dann och virum Cactus gegrillt, an wann erëm Wahlen an d’Haus stinn, wéi dëst Joer gënt dann och mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng e politesch neutralen Wahlnomëtteg organiséiert. 

Matt all dénen Aktiounen gouf an dénen Joeren éng stattlech Zomm zesummengedroen, an natirlech dëm BBC Residence zur Verfügung gestallt, wouvir mir och ëmmer ën groussen Merci krutten, obwuel ët dëm Kaissier natiirlech e Stech an d’Härz gët, wann op e Coup seng ganz Kees geplëmmt gouf, mee dat war an ass bis haut en Unsporn vir ze schaffen, an d’Kees erëm ze fëllen. 

Loisirs an Memberjecking 

An engem gesonntenen Club soll och vill Spass, esou goung de Supporterclub virun 10 Joer emol op d’Rees. D’Ziel war de Schwarzwald, an wann én den Aussoen vun Reesenden därf gleewen wart éng ganz amüsant Geschicht. Et muss och dén én oder aneren Pättchen gefloss sin, well wéi soll éng sech soss erklären dass d’Presidentin an der Schwemm an dën heitegen President vum Basket an Comité’s member vum Supporterclub sech ganz intensive op franséisch ënerhalen hun, an kén dén aneren direkt erkannt huet. Eleng de Brëller déi di zwee droen an natiirlech am Wasser nët ophaaten kann én beim beschten Wëllen dat do nët zouschreiwen. 

Duerno waren mer all an d’Champagne, super Wieder an gudden Schampes, wat besonnesch e puer Leit esou richteg an de Krom gepasst huet, an déi bal mat Gewalt hun missen aus dénen eenzelen Kellereien erausgerappt gin. 

E Joer paus, wou just e klengen Tierchen heim am Land um Programm stong, an dun gong ët hopps an den Elsace.Hei wat eng Freed, gud iessen gut drénken an och erëm herrlecht Wieder. An deen Gestank am Bus, nee nët vun der Choucroute, mee vum Kéis dén sech e gangzen Koup Leit mat heem geholl hâten. 

Erëm e Joer Paus, mat nees engem klengen Tiirchen an de Sueden vum Land, war dann dën 10ten anniversaire vum Tour an de Schwartzwald quasi eng Flicht vir dat ze wiederhuelen. 

Just e puer Wochen sin mir erëm, an d’Leit schwärmen nach ëmer, déi eng vum gudden Iessen an der Scheier, déi aner vun dém herrlech Klouschter ( ah jo ween hätt da geduecht, mir sin och kulturell ënerwee). 

Lossen mir emol kucken wuer d’Rees eis d’next Joer hinféierern wärt. 

No an no huet dén een oder dén aneren opgehaalen vir am Comité matzeschaffen. E sin emol nei Memberen béikomm, an dun erëm verschwonn, sou dass d’Maisy e Problem hat vir eng schlagkräfteg Equipe oprecht ze halen. Also wat maachen. Do war dach eng ganz Band vun jonken Kärelen déi Samschdeg vir Samschdeg an der Haal bei de Matcher war an do de Comptoir gestäibt huet. Sollt éng déi dann nët derzou bewegt kréien vir éng Hand mat unzepaaken. Déi éischt Versich sin natiirlech fehlgeschloen, mee dun koum déi zündend Idee. 

Mir picken eis der e puer vun dénen Kärelen eraus, schëdden hinen e bëschen, oder och méi Béier an, an dann wann si nët méi eleng sin spillen mer én géint dén aneren aus, sou dass si nët kënnen nee soen, an schwupps hun mer erëm nei Memberen. Esou as ët geschitt, well an der nexter Versammlung sin direkt 4 nei Leit präsentéiert gin. 

Méi déischter Momeneter vir de Supporterclub 

Bei all dénen schéinen Momenter soll awer och un déi schwéier Stonnen geduecht gin déi de Supporterclub duerlieft huet. Vill ze fréi war do dën Doud vum Lou Kass als Grënungsmember, an hien huet e grousst Lach hannerlos. 

An dun koum dén verhängnisvollen Freideg am Dezember wou eisen Kolleg de Claude Nilles, beschtens bekannt als de „Wum“ an éngem trageschen Verkéiersaccident séin nach jonkt Liewen huet missen lossen. 

Och huet eis dën Emile „Mulles“ Feidt langjähregen Vizepresident no laanger Krankheet verloos. Un all sie denken mir natiirlech haut um Geburtsdag vum Supporterclub gären zereck, an secherlech wier de Supporterclub ouni hieren Ansatz nët dat wat hien haut as. 

E Bléck an d’Zukunft 

Wat bréngt eis d’Zukunft, keen wees ët. Aal memberen haalen op, neier gin recrutéiert. Gët ët nei Manifestatioun, wou gin mir op eisen nexten Tour? All dës Froen sichen no enger Äntwert, an ech mengen de Comité as gerüst vir déi Äntwerten ze gin. 

D’Relève vum Maisy huet de Feidten Jeff iwerholl, an domat quasi och d’Platz vun séngem Papp am Supporterclub. No langem zourieden wor d’Adrienne dann och mëllgeklappt vir Vizepresidentin ze spillen, an matt engem schmunzelen dénken ech un dat Gesiicht wat hat op der Generalversammelung geschnidden huet wéi mir him verklickert haten hatt misst d’Ried hâlen, well de Jeff sech Iwerfrëscht hätt. 

An der Persoun vum Schmit Marie-Thérèse hun mer eng ideal Sekretärin fond, wat säin Job mat Suergfalt an Präzisioun ausfëllt. 

Iwert de Caissier, de Claude Schroeder, vun allen nëmmen de Néckel genannt, steht mir leider kén Urtél zou, mee ët gët gesot, wann ët ëm de Goss géif goen, héiert bei him all Spass op. 

Als Memberen stin dat all dës Leit un viischter Front: 

Dën Hartmann’s Luc, oder dën Harti, wien kennt hien nët 

D’Lameschen Marie-Jeanne, dëm Kirpsen Georges seng Schwëster, an wann nout um Mann as och séin Mann dën Emile. 

D’Pirschen Nadine, gebueren Funk an ën Urgesteen aus dëm Walfer Basket 

D’Rosy Kollwelter, wât bei wäitëm déi beschten Fritten mecht. 

D’Helene Streveler, dëm Harti seng Mam. 

D’Myriam Horsmanns, kënnt bei eis, esouguer aus dëm déifsten Süden vun eisem Land 

Dann hun mir nach de Carlo Mainz, besser bekannt als de Menn, oder Menni. Vir gudd Stëmmung an munch Spiecht ass hien ëmmer gudd. 

Als rouegen Pol erweist sech ëmmer d’Romy Roeltgen, mee wann ët ëmt d’Schaffen geet as hat ëmer do. 

An zu guder lescht nach dën Ed Fève. Wat wiren mir ouni säin Ansatz an der Kiichen, hannert dëm Grill oder Eisekucheisen. 

Zesummen mat eisen Memberen, an all dénen Leit déi ei iwert all déi Joeren ënnert d’Ärm gegraff hun an dénen ech hei nach e groussen merci soen, opptimistesch an d’Zukunft vum Supporterclub, an hoffen das mir och an zukunft munch flott Stonn mateneen verbréngen, an domat eisen Verpflichtungen (finanziell, mais och moralesch)vis à vis vum BBC Residence no ze kommen. 

Vir ofzeschléissen nach e speziellen merci un d’Walfer Gemeng, och wann mir nët ëmmer op der selwechter Well schwammen. 

HAPPY BIRTHDAY SUPPORTERCLUB 

Neckel